Radioen

On air

Kultur um 5  |  Tëschent Concert a Studium

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ De Guy de Muyser ass dout

Laangjäregen Diplomat an Hofmarschall

De Guy de Muyser ass dout

De fréieren Hofmarschall, Ambassadeur an Affekot ass am Alter vun 98 Joer gestuerwen.

auto_stories

1 min

De Guy de Muyser war 12 Joer laang Maréchal de la Cour ënner dem Grand-Duc Jean. Duerno war hien ënner anerem Ambassadeur zu Moskau an an der Belsch, wou hien och permanente Vertrieder vu Lëtzebuerg bei der NATO war. Nodeems hien 1991 an d'Pensioun goung, war Guy de Muyser ënner anerem am kulturelle Beräich aktiv, vun 2004 bis 2011 war hie President vun der Abtei Neimënster.

2016 war de Guy de Muyser an der 100,7-Emissioun "Rendez-Vous" op Besuch. Gefouert gouf den Interview deemools vum Jay Schiltz.

Lauschterenplay_arrow