Radioen

On air

Notturno  |  Arctic Monkeys - Batphone

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Centre d’Accueil zu Eech wäert réischt am Fréijoer 2025 zougoen

Kuerzfristeg Léisung fir e strukturelle Problem

De Centre d’Accueil zu Eech wäert réischt am Fréijoer 2025 zougoen

De Centre d’accueil zu Eech wäert net am November, mee réischt am Fréijoer d’nächst Joer zougemaach ginn. Dat deelt de Familljeministere mat. De Ministère reagéiert domat op e Communiqué vun der Mënscherechtskommissioun CCDH an deem et geheescht huet, datt déi Struktur schonn an zwee Méint géif zou gemaach ginn.

auto_stories

2 min

headphones

3 min

play_arrow

De Familljeministère erkläert an enger schrëftlecher Äntwert, datt d’Gebai vum Centre d’accueil just fir eng begrenzten Zäit zur Verfügung gestallt krut an de Proprietär elo d’Gebai brauch fir en eegene Projet. Doropshin hätt de Familljeministère sech en vue vun de kommende Wanterméint fir eng Verlängerung agesat, an den Delai vun der Fermeture op Fréijoer 2025 verréckelt kritt.

CCDH: Global Léisung muss fonnt ginn

Fir d’Mënscherechtskommissioun ass déi kuerzfristeg Léisung duerchaus begréissenswäert, mee de Problem wier domat awer net behuewen, esou d’Charlotte Brouxel. Et wier just eng kuerzfristeg Léisung fir e strukturelle Problem.

"Mir wäerten op déi selwecht Situatioun héchstwarscheinlech am Februar zeréckkommen, oder an der Tëschenzäit vläicht och bei enger anerer Struktur. Also musse lo méi global Léisunge fonnt ginn."

Fir den CCDH misst fir d’Leit, déi an de Strukture liewen, méi Autonomie wärend hirem Openthalt opgebaut ginn, fir datt se och eegestänneg no enger Wunneng kënne sichen, erkläert d’Charlotte Brouxel. Dobäi dierft d’Hëllef, déi se vu Säiten dem Office social kréien, net ewech falen. Am Géigendeel. Eng zäitlech Transmissioun vun den Informatiounen tëscht dem ONA an dem Office social wier e wichtege Punkt, dee verbessert kéint ginn, betount d'Charlotte Brouxel.

"Fir datt d’BPIen direkt no der Obtentioun vun hirem Statut eng Demande fir eng Sozialwunneng kënne maachen. Den Accompagnement social ass do immens wichteg, an de Lien tëscht dem ONA an dem Office social kéint verbessert ginn."

Autonomie vun de Bewunner soll gefuerdert ginn

Eng weider fir den CCDH néideg Verbesserung wier et, datt déi Leit, déi an den Accueilsstrukture liewen, och e Contrat de Bail kréien. Si hätten zwar e Vertrag fir do ze liewen, erkläert d’Charlotte Brouxel, mee ouni datt si esou vum ONA qualifizéiert ginn.

"An datt si dann och vun engem adäquate Schutz kënne benefisséieren, wéi eng Persoun ënnert engem Contrat de Bail verbonne wier. An dat ass fir eis och immens problematesch, an dat si wierklech Punkten, déi verbessert kéinte ginn."

Och dat géif nämlech d’Autonomie vun de Bewunner fuerderen, well si no der Fermeture vun enger Struktur um selwechte Marché missten eens ginn, wéi déi aner Awunner zu Lëtzebuerg och, sou nach d’Charlotte Brouxel.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
National
Politik a Gesellschaft