Radioen

On air

9 bis 1  |  Sophie Hunger - Finde Mich

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Den israelesche Minister Benny Gantz dreet mam Austrëtt aus der israelescher Regierung

Plang fir d'Gazasträif gefuerdert

Den israelesche Minister Benny Gantz dreet mam Austrëtt aus der israelescher Regierung

De Benny Gantz, Minister am israeelesche Krichscabinet huet hënt mat engem Austrëtt vu senger Partei aus der Regierung gedreet, wann den Netanjahu net bis den 8. Juni e Plang fir d‘Zäit nom Krich an der Gazasträif kéint virleeën.

auto_stories

1 min

Benny Gantz | © picture alliance/dpa | Ilia Yefimovich
Foto: picture alliance/dpa | Ilia Yefimovich

E Mëttwoch eréischt hat och de Verdeedegungsminister Yoav Gallant de Premier schaarf kritiséiert. Et misst eng politesch Alternativ zu der Hamas ginn, soss géif just eng Fortsetzung vun der Hamas-Herrschaft oder eng israeelesch Militärherrschaft bleiwen.

US-Sécherheetsberoder an Israel erwaart

Haut gëtt dem US-President säi Sécherheetsberoder, Jake Sullivan, an Israel erwaart, a soll do mam Premier a Verdeedegungsminister zesummekommen, fir ënnert anerem iwwert déi ëmstridden Offensiv an der Stad Rafah am Süde vun der Gazasträif ze diskutéieren. Och d‘USA hu konkret Erwaardungen un de Benjamin Netanjahu, fir sech aktiv un der Ausaarbechtung vun engem konkrete Plang fir d‘Zukunft vum Küstegebitt ze bedeelegen.

Nees Protester géint de Benjamin Netanjahu

Bei enger israeelescher Loftattack am Zentrum vun der Gazasträif wieren hënt op d‘mannst 20 Mënschen an engem Flüchtlingscamp ëm d‘Liewe komm. Dat huet e Spidol matgedeelt. Déi israeelesch Arméi huet uginn, d‘Faiten ze iwwerpréiwen.

An Israel gouf et hënt nees Protester géint de Premierminister Benjamin Netanjahu. D‘Demonstrante fuerderen de Retour vun den ëmmer nach iwwer 100 israeelesche Geiselen, déi an der Gazasträif festgehale ginn. Si maachen de Regierungschef fir hiert Schicksal an den Hänn vun der Hamas verantwortlech.