Zäitweis goufen et op der Trauerfeier offen Anti-Kreml Protester. Dat war an deem Mooss déi eischte Kéier zënter enger laanger Zäit de Fall. Et wieren 128 Leit festgeholl ginn, schreift d‘AFP. Dat an 19 verschiddenen Stied.
Och de Lëtzebuerger Ambassadeur war do
De Lëtzebuerger Ambassadeur zu Moskau, Tom Reisen, war gëschter och um Begriefnis vum Alexei Nawalny zu Moskau.
Am ganze ware Vertrieder vun tëschent 15 an 20 EU-Länner do. Déi, déi ewech bloufen, hätte Sécherheetsbedenke formuléiert, anerer hätte fonnt, et wier net ubruecht, als Diplomat bei esou eng Manifestatioun derbäi ze sinn, sot eis den Tom Reisen. Et wier awer alles friddlech iwwert d‘Bün gaangen.