An der Haaptstad koumen Dausende Leit am Park beim Wäissen Haus zesummen. Protester gouf et och ënnert anerem zu New York, Los Angeles a Boston.
Ënnert dem Motto „Hand Off“ – also „Patten ewech“ – hunn d‘Protester sech och géint dem Trump säi Beroder Elon Musk a géint Millionären a Milliardäre geriicht.
Et war e landeswäiten Aktiounsdag mat geplangte Manifestatiounen an allen US-Staaten.Offiziell Zuelen, wéi vill Leit mat gemaach hunn, ginn et nach keng.

Douanestaxe schueden der Ekonomie
Déi nei US-amerikanesch Douanes-Taxe géifen déi franséischEkonomie haart treffen, dat sot de franséische Premier an engem Interview hautan der Zeitung Le Parisien. Déi nei Douanes-Tariffer, déi den Donald Trump opImporter an d‘USA annoncéiert huet, kéinte Frankräich méi wéi 0,5 Prozent vumBruttoinlandprodukt, dem PIB, kaschten, esou de franséische Regierungschef.
An Zesummenhang mat den amerikaneschen Douanes-Taxen., huetdem Trump säi Beroder Elon Musk eng iwwerraschend Ausso gemaach: Den Elon Muskhuet sech fir eng Fräihandelszone mat Europa ausgeschwat. Hie géif hoffen, dattd‘USA an Europa sech beim géigesäitegen Handel op eng „Null-Taxe-Situatioun“kéinten hi beweegen, sot den Elo Musk um Parteidag vun der rietsextremeritalieenescher Partei Lega.