Radioen

On air

Notturno  |  Oisin Leech - Colour Of The Rain Feat. Steve Gunn & Tony Garnier

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Op d'mannst 79 Doudeger a 155 Blesséierter nom Zesummebroch vun engem Daach vun enger Disco

Dominikanesch Republik

Op d'mannst 79 Doudeger a 155 Blesséierter nom Zesummebroch vun engem Daach vun enger Disco

An der dominikanescher Republik ass de Bilan vun den Affer nom Zesummebroch vum Daach vun enger Disco weider geklommen: Op d‘mannst 79 Leit koumen d'Liewen an 155 goufen der blesséiert.

auto_stories

1 min

© Madelein Garcia via X
(Foto: Madelein Garcia via X)

D'Ongléck ass an engem Club an der Haaptstad Santo Domingo geschitt. Wärend engem Concert vum populären dominikanesche Sänger Rubby Pérez ass den Daach vum Gebai aus nach net gekläerter Ursaach an de Koup gefall. De Sänger ass ënner den Doudesaffer, huet säi Manager confirméiert.