Radioen

On air

Tockcity  |  Antony Szmierek - Big Light

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Dänesch Premierministerin reest nächst Woch op Grönland

Als Reaktioun op d'Visitt vum JD Vance

Dänesch Premierministerin reest nächst Woch op Grönland

Nom ëmstriddene Besuch vum US-Vizepresident JD Vance gëschter um Samschdeg op Grönland reest déi dänesch Premierministerin elo och op déi semi-autonom Insel. Si géif d‘nächste Mëttwoch fir zwee Deeg op Grönland reesen, huet d‘Mette Frederiksen annoncéiert. Si wéilt déi gutt Relatiounen tëschent Grönland an Dänemark weider verdéiwen, sou déi dänesch Regierungscheffin.

auto_stories

1 min

© European Union
(Foto: European Union)

Den JD Vance hat bei senger Visitt gesot, Dänemark géif net genuch fir d‘Sécherheet vun der Insel maachen. Hien huet déi grönlännesch Populatioun encouragéiert, d‘Onofhängegkeet vun Dänemark unzestriewen a sech mat den USA ze associéieren.

Déi dänesch Regierung sot, si géif sech net gefale loossen, datt d‘USA an deem Toun schwätzen.

Den US-President Donald Trump géif Grönland gär ënnert amerikanesch Kontroll bréngen.