Radioen

On air

9 bis 1  |  Mëttespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Internationale Geriichtshaff: Däitschland weist Virwërf vun Nicaragua zeréck

Klo vun Nicaragua géint Däitschland

Internationale Geriichtshaff: Däitschland weist Virwërf vun Nicaragua zeréck

D‘Sécherheet vun Israel stéing fir déi däitsch Aussepolitik am Mëttelpunkt. Mat deene Wieder huet Berlin de Moie virum Internationale Geriichtshaff zu Den Haag d‘Virwërf vun Nicaragua ausdrécklech zeréckgewisen.

auto_stories

1 min

© ICJ
Foto: ICJ

Déi Virwërf hätte keng rechtlech Grondlag. Däitschland géif weder géint d‘Genozid-Konventioun nach dat humanitärt Vëlkerrecht verstoussen, sou déi däitsch Vertriederin zu Den Haag. 

Nicaragua huet Däitschland virgehäit, Vëlkermord an der Gazasträif ze favoriséieren, wéinst der däitscher Ënnerstëtzung vun Israel. Nicaragua fuerdert ënner anerem, datt Däitschland d‘Waffeliwwerungen un Israel stoppt a rëm Suen un d‘UNO Hëllefswierk fir Palästinenser iwwerweist.

Haut war de leschten Dag vun der Auditioun, duerno sollen d‘Riichter zu Den Haag hir Decisioun huelen.