Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Vampire Weekend - Ottoman

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Däitschland mécht sech prett fir de Walkampf

Nom Enn vun der Ampel

Däitschland mécht sech prett fir de Walkampf

Haut um Méindegmëtteg stëmmt deen däitsche Bundestag iwwer d'Vertrauensfro of, déi de Bundeskanzler Olaf Scholz d'lescht Woch agereecht huet. Et ass dee Schrëtt, deen de Wee a Richtung Neiwalen an Däitschland dann offiziell fräimécht. Trotzdeem wëllt d'Bundesregierung nach virun de Walen eng Rei Gesetzesprojeten duerchsetzen. 

auto_stories

2 min

headphones

2 min

Olaf Scholz | © picture alliance/dpa | Kay Nietfeld play_arrow
Foto: picture alliance/dpa | Kay Nietfeld

Um 13 Auer mëttes geet déi warscheinlech leschte Sëtzung vum Bundestag ënner dem Bundeskanzler Olaf Scholz un. No enger Ried vum Scholz selwer an enger Debatt vu ronn zwou Stonnen, stëmmen déi 733 Deputéiert am däitsche Parlament dann of. Et ass dovun auszegoen, datt de Kanzler keng Majoritéit wäert kréien. Dat bedeit, datt den Olaf Scholz duerno direkt bei de Bundespresident Frank-Walter Steinmeier fiert, an dee freet, d'Parlament opzeléisen an Neiwalen unzesetzen.

Neiwale wuel den 23. Februar

Den Oflaf vum Enn vun der aktueller Regierung, dee steet mëttlerweil zanter engem gudde Mount fest. Haut um Méindeg ass et schliisslech esou wäit, wéi den Olaf Scholz erkläert huet.

"Folgt der Bundespresident meinem Vorschlag, dann werden die Wählerinnen und Wähler am 23. Februar einen neuen Bundestag wählen können. Das ist mein Ziel. In einer Demokratie sind es die Wählerinnen und Wähler, die den Kurs einer Demokratie bestimmen. Sie entscheiden bei der Wahl, wie wir die grossen Fragen beantworten, die vor uns liegen."

Éier Enn Februar dann neigewielt gëtt, bleiwe Regierung a Bundestag weider am Amt. An zwar wäert de Walkampf da muer un Dënschdeg scho lassgoen, wann déi éischt Parteien hire Walprogramm festleeën. D'Nach-Regierung huet awer nach e puer Pläng.

Virun allem dat sougenannte Steuerfortentwicklungsgesetz soll nach duerch d'Parlament goen. Domat soll d'Kannergeld erhéicht ginn, genee wéi och de Steierfräibetrag. Iwwer déi Moossnamen si sech SPD, B90/Die Grünen an FDP eens. Also genee déi dräi Parteien, där hire Sträit zu den Neiwale geféiert huet.

Lauschterenplay_arrow

Wat bei deene virgezunnen Neiwalen op Däitschland kéint duerkommen, dat hunn d’Walen am Hierscht an den ostdäitsche Bundeslänner Brandenburg, Sachsen an Thüringe schonn ugedeit: Den ale Parteiesystem ass op d’Kopp gestallt, Koalitioune ginn ëmmer méi schwéier ze fannen. Eng Analys vun eisem Däitschland-Korrespondent Matthias Kirsch.

Lauschterenplay_arrow