Radioen

On air

9 bis 1  |  

play_arrow Live
search

/ Däitschland geet op Virschléi vu Lëtzebuerg a Punkto Migratioun an

Koalitiounsaccord an Däitschland

Däitschland geet op Virschléi vu Lëtzebuerg a Punkto Migratioun an

Mat Bléck op d'Migratiounspolitik vun der künfteger däitscher Regierung heescht et vum Lëtzebuerger Innenminister Leon Gloden, datt Däitschland géif alenken. An enger schrëftlecher Äntwert op eis Nofro heescht et weider, Däitschland géif op déi entspriechend Virschléi vu Lëtzebuerg agoen.

auto_stories

1 min

Bigstock | © Bigstock
argus456 (Foto: Bigstock)

De Leon Gloden begréisst, datt Däitschland an Zukunft op eesäiteg Zeréckweisungen un de Grenze géif verzichten an am Plaz op bilateral Ofkommesse mat den Nopeschlänner wéilt setzen. 

Am Koalitiounsaccord vun Union an SPD si weider Grenzkontrolle virgesinn. Béi Zeréckweisungen wëll sech Däitschland deemno awer mat sengen Nopeschlänner ofspriechen. Lëtzebuerg hat Mëtt Februar dëst Joer eng schrëftlech Reklamatioun bei der EU-Kommissioun géint d’Verlängerung vun den däitsche Grenzkontrollen agereecht.