Radioen

On air

9 bis 1  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Däitschland: Nei Diskussiounen iwwer d'Stroffräiheet vun der fréier Ofdreiwung

Ofdreiwung

Däitschland: Nei Diskussiounen iwwer d'Stroffräiheet vun der fréier Ofdreiwung

An Däitschland gouf eng nei Diskussioun iwwer Schwangerschaftsofbréch lancéiert. Et geet an der Haaptsaach ëm d‘Fro, ob fréi Schwangerschaftsofbréch net méi am „Strafgesetzbuch“ solle stoen.

auto_stories

1 min

© picture alliance / epd-bild | Heike Lyding
Foto: picture alliance / epd-bild | Heike Lyding

Déi nächst Woch soll eng Kommissioun vun Experten der Regierung Propose maache fir eng Liberaliséierung vum Ofdreiwungsrecht. Wéi aus engem «Spiegel»-Artikel ervirgeet, wéilten d’Experten eng generell Stroffräiheet vu Schwangerschaftsofbréch bannent den éischten zwielef Woche recommandéieren.

Den Ament nach illegal

Dem aktuelle Gesetz no ass eng Ofdreiwung an Däitschland eigentlech illegal. A bestëmmte Fäll ass ee Schwangerschaftsofbroch awer net strofbar. Zum Beispill, wann eng Fra fir d‘éischt an ee Berodungsgespréich geet a sech dann an den éischten zwielef Woche vun der Schwangerschaft decidéiert ofzedreiwen.

D’CDU wiert sech géint eng generell Stroffräiheet.

D’Organisatioun Pro Familia schwätzt sech fir eng Reegelung baussent dem Strofrecht aus.