Radioen

On air

Moiesstudio  |  Seed To Tree - Car

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Däitsch Douane mat gréisseren Drogesaisien

461 Kilo Tabletten

Däitsch Douane mat gréisseren Drogesaisien

Beamte vun der däitscher Douane hunn an de leschte Méint déi gréissten Drogesaisië vu Captagon realiséiert. Am ganze si 461 Kilo Tabletten am Wäert vun iwwer 64 Milliounen Dollar fonnt ginn.

auto_stories

1 min

Captagon mécht extrem ofhängeg a kann Depressiounen an Halluzinatiounen ausléisen. D‘Drog gehéiert zum Grupp vun den Amphetaminen. Droge wieren ënner anerem a Bremszylinder an a Käerze verstoppt. Zu Oochen, Alsdorf a Wien goufen et Arrestatiounen.