Radioen

On air

Kultur um 5  |  Prix littéraires: "Tarentule" vum Eduardo Halfon

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ Däitsch Bundestagswal: Luc Frieden hofft op eng stabil däitsch Regierung

Klausur vun der CSU-CDU

Däitsch Bundestagswal: Luc Frieden hofft op eng stabil däitsch Regierung

Dëser Deeg preparéiert sech déi däitsch CSU am Klouschter Seeon op d'Bundestagswal. Gëschter um Dënschdeg war de Luc Frieden zu Gaascht bei de bayresche Chrëschtsozialisten. No de politesch turbulente Jore vun der Ampelkoalitioun géif hien op méi Stabilitéit no de Walen am Februar hoffen.

auto_stories

1 min

headphones

2 min

© SIP / Julien Warnand play_arrow
Foto: SIP / Julien Warnand

De Lëtzebuerger Premier géif drop hoffen, datt bei den Neiwalen an Däitschland e Resultat géif erauskommen, wat zu enger stabiller Regierung zu Berlin géif féieren. Dat betount de Luc Frieden bei sengem Besuch am Kloster Seeon an Oberbayern. Do hält déi bayresch konservativ Partei traditionell hir Klausuren of. Hie wéilt sech vu baussen net an déi däitsch Politik amëschen, sot de Luc Frieden wieder. 

Mat Vue och op déi rietsradikal FPÖ an Éisträich géif hien awer Koalitioune mat rietsextreeme Parteien an Europa fir geféierlech halen. Vun engem staarken Däitschland géifen net just Lëtzebuerg an déi aner Nopeschlänner, mee ganz Europa profitéieren.

Kritik iwwer Äusserunge vum Elon Musk

Kritesch huet sech de Luc Frieden iwwer d’Amëschung vum US-Milliardär Elon Musk an den däitsche Walkampf geäussert. Déi däitsch Bierger:inne bräichte keng Recommandatioune vu baussen. Scho guer net vu Leit, déi kee Mandat an enger anerer Demokratie hätten. An engem Zeitungsartikel an der Dageszeitung WELT hat den Elon Musk sech d'lescht Woch fir déi rietsnational AfD ausgeschwat. Dëst war an der däitscher Politik hefteg kritiséiert ginn.

Lauschterenplay_arrow