Radioen

On air

Concert  |  Hommage un den Danz

play_arrow Live
search

/ Däitschland ass an eng Rezessioun reruscht

Däitsch Wirtschaftsamt mellt

Däitschland ass an eng Rezessioun reruscht

Déi däitsch Wirtschaft ass d‘lescht Joer an eng Rezessioun gerutscht. De PIB ass, éischte Schätzunge vum Bundes-Statistikamt no, ëm 0,3% zréckgaangen. D‘Joer virdrun, 2022, war di gréisste Vollekswirtschaft an Europa nach ëm 1,8% gewuess. 

auto_stories

1 min

Inflatioun | © Adobe Stock / gopixa
Inflatioun (Foto: Adobe Stock / gopixa)

Bedéngt wier de Réckgang ënner anerem, well déi wichtegst Konjunkturstütz – de Privatkonsum – däitlech zréckgaange wier, wéinst der héijer Inflatioun. Bedéngt awer och wéinst der Kris am Industriesecteur wéinst den héijen Energiekäschten.

Ob d‘Konjunktur dëst Joer rëm Opschwong kritt, ass nach ongewëss, vill Prognose rechne mat engem weidere Réckgang vum PIB an Däitschland.