Engersäits hätt een, no der Covid-Pandemie, rëm zréck zur Normalitéit fonnt. Anersaits géifen d’Erausfuederungen am Secteur awer enorm bleiwen. Dat wéinst der schwiereger Wirtschaftslag, de Personalkäschten, déi ëmmer weider klammen an den ekologeschen Erausfuerderungen.
D’Immatriculatioune wieren am Joer 2024 em 4.4 Prozent par Rapport zu 2023 zréckgaangen. Bei den neien Autoe wier et souguer en Réckgang vun iwwer 5 Prozent. Donieft géif d’Acceptanz vum Elekroauto zu Lëtzebuerg wuessen. Dëst géifen och d’ Zuele weisen, sou den Manuel Ruggio: 27 Prozent vun den neien Immatriculatioune waren 2024 E-Autoen.
De Moie gouf och den Autofestival presentéiert, deen de 25. Januar ufänkt a bis den 2. Februar dauert.