Radioen

On air

Notturno  |  Dhaima - Reggae On Sunset

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ D'Zerstéierung vun de Bëscher hëlt weider zou

Rapport vum WWF

D'Zerstéierung vun de Bëscher hëlt weider zou

2022 huet d‘Zerstéierung vun de Bëscher weltwäit weider zougeholl, dat trotz den Engagementer vu Staaten an Entreprisen. Eleng d‘lescht Joer gouf eng Surface sou grouss wéi en däitscht Bundesland zerstéiert, op globalem Niveau ass et e plus vu 4 Prozent. 

auto_stories

1 min

An engem Rapport dee vum World Wildlife Fund WWF verëffentlecht gouf gëtt gewarnt, datt d‘Zil vir d‘Zerstéierung vun de Bëscher bis 2030 ze stoppen esou net kéint erreecht ginn. Landwirtschaft, Stroossebau a kommerziell Holznotzung dreiwen d‘Zerstéierung. Et ginn awer och positiv Noriichten: eng 50 Staate sinn amgaangen hir Bëschreserven auszebauen.