Den däitsche Kanzler hat de russesche President gëschter iwwer Telefon opgefuerdert seng Truppen aus der Ukraine zereckzezéien a mat Kiev ze negociéieren. De Vladimir Putin sot datt all Accord déi „eruewert“ Territoirë misst consideréieren. Et war dat éischt Telefonat tëschent dem Olaf Scholz an dem Vladimir Putin zënter 2 Joer. D‘Gespréich hätt eng Stonn gedauert esou däitsch Medien. Virdrun hätt den Olaf Scholz mam Ukrainesche President Selensky geschwat.
Muer, Sonnden, trëfft den däitsche Kanzler op de chineesesche President Xi Jinping. Dat um Bord vum G20 Sommet am brasilianesche Rio de Janeiro, wou de Krich an der Ukrain och Thema wäert sinn.