Explosioune goufen ënner anerem och aus Odessa a Saporischschja gemellt. Der ukrainescher Loftwaff no, wieren Dosende ballistesch Rakéiten a Marschfluchkierper op Ziler am ganze Land ofgeschoss ginn. Virdru waren Dosende Kampfdronen vu Russland agesat ginn.
Pole schéckt Kampffligeren
Polen huet iwwerdeems Kampffligere fort geschéckt am Kontext vun der massiver Attack vu Russland op d’Ukrain. Dat mellt déi polnesch Arméi.
Polen ass en Nopeschland an Alliéierte vun der Ukrain a Member vun der Nato.