Radioen

On air

Kultur um 5  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ D'Strategie fir de Schutz vum Lëtzebuerger Drénkwaasser

Ëmwelt

D'Strategie fir de Schutz vum Lëtzebuerger Drénkwaasser

D’Drénkwaasserreserve sinn dëst Joer am Summer méi grouss wéi déi lescht Joren. Dat huet d'Waasserverwaltung rezent am 100,7-Interview annoncéiert. Dëst Joer gëtt et bis elo also keng Waasserpenurie. Mee dat kann ëmmer nees eng Kéier de Fall sinn. An dofir huet d'Verwaltung verschidde Mesurë fir d'Waasser virun den Extreemwiederen ze schützen, déi duerch de Klimawandel ëmmer méi heefeg ginn.

auto_stories

2 min

Foto: Archiv

Ilana Joseph, cz

Dofir hätt een eng Strategie op dräi Pilieren ausgeschafft fir d'Drénkwaasserversuergung iwwer länger Zäit kënnen ze garantéieren. Virun allem wier de Plang da wichteg, wann Extreemwiederen d'Qualitéit vum Waasser negativ beaflossen an domat och d'Quellen. Et wéilt een esou laang wéi méiglech vun de Reserve profitéieren, erkläert d'Brigitte Lambert vun der Unitéit Grond- an Drénkwaasser.

Waasser spueren, wou ee kann

Dofir wier zum Beispill wichteg, datt an de Secteuren Haushalt, Landwirtschaft an Industrie Moossnamen ëmgesat ginn, fir spuersam mam Drénkwaasser ëmzegoen.

Schutz vun de Ressourcen, déi bestinn

Weider misst een awer och mol dat schützen, wat een op an ënner der Äerd fënnt. 

"Den zweete Pilier, dat ass de systematesche Schutz vun all eise Ressourcen, déi mir hunn. Iwwer d'Schutzzonen, zum Beispill d'Schutzzone vum Stauséi awer och d'Grondwaasserschutzzonen."

Nei Ressourcen erschléissen

Dee leschte Pilier preparéiert op de Fall, datt d'Quellen, déi et haut ginn, eng Kéier net méi duerginn oder net méi kéinte benotzt ginn.

Do géifen Analyse lafen, fir ze kucken, wéi eng Grondwaasserressourcen een nach nohalteg kéint notzen, an et géif och gekuckt gi fir Muselwaasser zu Drénkwaasser opzebereeden.

Preventiv Moossname gi privilegiéiert

Zanter 2018 wier et der Unitéit Grond- an Drénkwaasser hiert Zil, et guer net esou wäit kommen ze loossen. Preventiv Moossnamen, wéi beispillsweis d'Spuere vu Waasser, sollen op laang Siicht déi gutt Qualitéit vum Lëtzebuerger Drénkwaasser garantéieren, esou nach d'Brigitte Lambert.

Lauschterenplay_arrow