search

/ D'Solidaritéit fir d'Ukrain léisst net no, seet d'Yuriko Backes

Verteidegungspolitik

|
headphones

4 min

headphones

12 min

play_arrow

D'Solidaritéit fir d'Ukrain léisst net no, seet d'Yuriko Backes

Och no bal 4 Joer Krich géing ee voll a ganz hanner der Ukrain stoen, politesch wéi och finanziell. Dat huet déi Lëtzebuerger Verteidegungsministesch Yuriko Backes am 100,7-Interview ënnerstrach. Ob d'Ukrain hir Scholden all zeréckbezuele kann, steet awer nach an de Stären.

headphones

4 min

headphones

12 min

play_arrow
Defensministesch Yuriko Backes | © Radio 100,7
Defensministesch Yuriko Backes (Foto: Radio 100,7)

No bal fënnef Joer Krich an der Ukrain gesäit d’Verteidegungsministesch Yuriko Backes eng ganz grouss Solidaritéit  fir d’Ukrain vun den europäesche Partner. Et misst een d’Ukrainer:inne weider ënnerstëtzen. Eis Sécherheet géif mat der Ukrain ufänken an ophalen. Wann d’Ukrain géif falen, dann hätt een e grousse Problem an Europa.

Iwwerdeems hätt si net d’Gefill, datt d'Solidaritéit géif noloossen.

Ukrain bleift ofhängeg

Vun den 90 Milliarden Euro, déi d’EU der Ukrain als Kredit zur Verfügung stellt, wiere ronn zwee Drëttel fir militäresche Support an een Drëttel fir hire Budget.

Dëse Prêt kann déi bilateral Hëllef vun der EU an NATO-Länner net ersetzen. Dës Diskussioune géife momentan och weidergeféiert ginn. D’Yuriko Backes ënnersträicht nach emol, datt d’Ukrain wierklech op déi Ënnerstëtzung ugewise wier, a si dovunner ofhängeg sinn.

Déi finanziell europäesch Hëllef wier e Prêt, deen eng Kéier misst zeréckbezuelt ginn. 

Positive Realismus

Et misst ee positiv bleiwen an trotzdeem och realistesch sinn.

“Iergend eng Kéier wäert dee Krich ophalen. An da missen d'Ukrainer sech och kënnen nees an hirem Land opbauen an en normaalt Liewe féieren. Do si mir haut net, do si mir soubal net. Mee iergendeng Kéier wäert déi Realitéit awer och antrieden. Ech mengen, mir ginn dann dovunner aus, datt si dee Prêt dann eng Kéier kënnen zeréckbezuelen. Mee ech mengen, dat ass näischt fir déi ganz immediat Zukunft.”

Nom Krich misst d’Ukrain sech nees opbauen an da géif en dovunner ausgoen, datt dëse Kredit zeréckbezuelt gëtt. Do wier een awer haut nach net, an do géif een och nach esou bal net sinn.

Iwwer déi finanziell Ënnerstëtzung bräicht d’Ukrain awer och Hëllef, wat Loftofwier a Rakéitenofwier ugeet. Do ënnerstëtzt Lëtzebuerg d’Ukrain och iwwer de sougenannte Pearl Mechanismus. Ouni déi Hëllef kéinte si sech net verteidegen a vun all Memberstaat missen dës Kontributiounen och weider kommen.

USA: NATO soll net abandonéiert ginn

E Mëttwoch hätt d’Yuriko Backes hiren drëtten ukraineschen Homolog kennegeléiert. An deem Kader gouf awer net iwwer Neiwale geschwat. Den ukrainesche Verteidegungsminister huet d’Memberlänner iwwer déi aktuell Lag opgekläert an do géifen et an Zukunft nach weider Reunioune ginn.

Um NATO-Conseil e Mëttwoch gouf den US-Verteidegungsminister vu sengem Adjoint, dem Under secretary Colby, vertrueden. De Message vun amerikanescher Säit bleift, datt déi europäesch Länner méi an d’Verteidegung missen investéieren, an datt méi Verantwortung misst iwwerholl ginn.

Iwwerdeems huet den Här Colby awer erkläert, datt d’Amerikaner d’NATO net géifen abandonéieren. Et géif ee sech nach ëmmer zu der kollektiver Verteidegung vun der NATO bekennen an zu dem "berüümt berüchtegten" Artikel 5 stoen.

Nächsten NATO-Sommet zu Ankara

Genee bei den Investissementer an d’Verteidegung gesäit d’Ministesch, datt sämtlech Memberlänner sech un déi 2 Prozent gehalen hunn. Lëtzebuerg géif momentan bei bësse méi wéi 2 Prozent leien. Et wier wichteg sech besser opzestellen a sech am Eeschtfall géint Aggressioune wieren ze kënnen.

Tëschent dem leschte Sommet zu Den Haag an deem nächsten zu Ankara wier eng Montée en Puissance bei den Investissementer vun der Verteidegung ze gesinn. Hirer Meenung no géifen d’Amerikaner dat och ze schätze wëssen.

Rubio ass kee Vance

Am Bléck no vir a Richtung Münchener Sécherheetskonferenz wäert den US-amerikaneschen Ausseminister Marco Rubio d’USA do vertrieden.

Den Optrëtt vum JD Vance vum leschte Joer wier kee schéine Moment gewiescht. Et wier een deemools mat enger néier Realitéit konfrontéiert ginn. D’Ministesch geet awer dovunner aus, datt den Toun vum Här Rubio en anere wäert si wéi dee vum JD Vance.

Op där Konferenz géif et dann ëm bilateral a multilateral Gespréicher goen, esou d’Verteidegungsministesch Yuriko Backes nach am 100,7-Interview.

 

play_arrow Lauschteren