Radioen

On air

Resonanzen  |  Méi wéi just Suen

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ D'Sécherheet an den Zich an op de Garë war Theema an der Chamber

Mëssstänn bei der Iwwerwaachung

D'Sécherheet an den Zich an op de Garë war Theema an der Chamber

An der Diskussioun ëm d’Iwwerwaachungskamerae bei der CFL hu Vertrieder vu Police, CFL an d’Transportministerin nach eng Kéier ënnerstrach, datt d’CFL zwar zoustänneg ass fir d’Sécherheet an hiren Infrastrukturen, Zich a Bussen, mee si hätte keng Policegewalt. Trotzdeem goufen et vun der LSAP an der Piratepartei eng Rei Fuerderunge wat d’Sécherheet ugeet.

auto_stories

3 min

headphones

3 min

Iwwerwaachungskamera | © Chris Andrawes / Unsplash play_arrow
Foto: Chris Andrawes / Unsplash

Virun den Deputéierte gouf virun allem drop verwisen, datt ee Gesetzesprojet, deen den Ex-Transportminister François Bausch zur Sécherheet am ëffentlechen Transport op den Instanzewee bruecht hat, eng Rei Verbesserunge kéint erméiglechen. Dëst am Kontext vun enger Kameraiwwerwaachung, déi méi wäit geet wéi nëmmen d’Opzeechnung.

Just 12 Fäll bei der Police gemellt

Dee Service bei der CFL geréiert eng 1.500 Kameraen, déi awer net konstant gekuckt ginn. Do bräicht een extreem vill Mataarbechter dofir. Am Service schaffen awer nëmmen zwou Persoune pro Schicht. Si si virun allem zoustänneg fir d’SOS-Appeller ze enregistréieren, oder wann en Alarm ugeet.

Weider gi si op Uerder vun der Police, am Kader vun enger Plainte zum Beispill, gefrot, fir Ausschnëtter vun den Opname geliwwert ze kréien. Bannent deene fënnef leschte Jore waren dat der 1.183.

De Service vun der CFL huet par konter bannent deene fënnef Joer just 12 Fäll bei der Police gemellt.

Ee Gefill vu Sécherheet schafen

Den LSAP-Deputéierten Yves Cruchten huet preziséiert, datt een net méi Poliziste gefrot hätt, mee datt een dem Passagéier méi Informatiounen zu de Sécherheetsequipementer ka ginn.

"Et ass kee Mënsch do uewen (an der Kommissioun), dee méi Police gefrot huet. Mee ech mengen awer, datt et wichteg ass, datt wann d'Leit op ëffentleche Plaze sinn, datt si och wëssen, wéi si ze reagéieren hunn, an och datt si Bescheed wësse wat leeft, wa Videoe gemaach ginn, wa Kameraen do sinn, wann opgeholl gëtt. Wat geschitt domadder? Wie kuckt dat?"

Wéi geet et elo virun?

An där Diskussioun ëm d’CFL-Iwwerwaachungsservicer gouf et an engem Tageblatt Artikel Informatiounen iwwer de schlechte Fonctionnement an deem Service. Geschriwwen hat d’Tageblatt iwwer Mataarbechter, déi Netflix gekuckt oder geschlof hunn. D'Reaktioun vun der CFL huet de Piraten-Deputéierte Marc Goergen net zefridde gestallt.

"Wat mir e bësse gefeelt huet ass, datt CFL gesot huet: 'Ok, do si Problemer. Mir ginn déi elo aktiv un.' Et ass e bëssen opbliwwen elo, wat an Zukunft soll geschéien."

Zu deene Punkten huet d’Transportministerin betount, datt d’CFL als Entreprise zoustänneg wier fir d’Organisatioun vum Service.

Zur Zuel vun den Disziplinarverfaren, déi et bannent deene leschte fënnef Joer gouf, huet d’Yuriko Backes an enger Äntwert zu enger Question parlementaire preziséiert, datt et där fënnef Stéck gouf.

Lauschterenplay_arrow

 

 

Aktualitéit
Mobilitéit
Politik a Gesellschaft