Radioen

On air

Notturno  |  Fred Barreto Group - For So Long

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'SNPGL mat méi Luef wéi Kritik um Policeminister

Gesellschaft

D'SNPGL mat méi Luef wéi Kritik um Policeminister

D’SNPGL-Generalversammlung de Méindeg den Owend war dem Minister géintiwwer méi konziliant agestallt wéi an der Vergaangenheet. An och fir déi nei Direktioun gouf et Luef vu Säite vun der Policegewerkschaft. Esou gouf iwwer deen neie Generaldirekter Pascal Peters gesot, hie wier de richtege Mann op der richteger Plaz. An och de Minister Léon Gloden koum besser ewech wéi seng Virgänger.

auto_stories

2 min

Foto: Eric Ewald

Direkt e puermol huet d'Marlène Negrini den CSV-Politiker mat Luef ernimmt. Zum Beispill well hien d'Policeeffektiver opgestockt a scho vill an Ugrëff geholl hätt. Allerdéngs gouf et a Bezuch op verschidden Dossieren och Bedenken. Eppes, wat virun der Dier steet, ass de Reclassement vu Polizisten, dat heescht hiert Aklasséieren an déi richteg Karriär. Do géif alles vum entspriechende Gesetzesprojet ofhänken. Wuel hätt een en Avant-projet geschéckt kritt a kéint een en Avis dozou verfaassen, mee d'Policegewerkschaft hätt sech gewënscht, datt de Minister si am Virfeld net just informéiert, mee méi mat agebonnen hätt, esou d'Marlène Negrini.

Wat d'Primme betrëfft, esou géife fir déi selwecht Aarbecht déi eng méi an déi aner manner Sue kréien. 

"An der neier Police maache Leit aus de Gehaltsgruppe B1 an C1 exakt dee selwechten Job, schaffen op där selwechter Schicht a fuere mat deem selwechte Patrullewon op dee selwechten Asaz. Si si genau deem selwechte Risiko ausgesat."

D'Policegewerkschaft wier awer ni mat engem ënnerschiddleche Bezuelen averstanen, huet hir Presidentin betount.

Police-Crèche an IGP weider Baustellen

D'Marlène Negrini huet och nach bedauert, datt een a Saache Police-Crèche kee Schrëtt virukomm wier. Well Beamten awer mol ausser der Rei unzetrieden an Iwwerstonnen ze maachen hätten, wier et un der Zäit dofir, datt Kanner vu Polizisten a Polizistinnen esou kéinte betreit ginn.

D'SNPGL huet dann nach en Audit iwwer de Fonctionnement vun der IGP duerch den zoustännege Ministère ugekënnegt; well do net alles géif riicht lafen.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit