Radioen

On air

Notturno  |  Elliott Smith - Angeles

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ D'Representantenhaus well eng Impeachement Prozedur géint de Biden opmaachen

USA

D'Representantenhaus well eng Impeachement Prozedur géint de Biden opmaachen

An den USA géif d’Representantenhaus elo formell eng Prozedur opmaache fir de President Joe Biden vu sengem Amt ze entbannen. Eng sougenannten “Impeachment” Prozedur géif opgemaach ginn, huet de Kevin McCarthy, Chef vun de Republikaner am Representantenhaus, annoncéiert.

auto_stories

1 min

Et géif kredibel Informatiounen, dass den Joe Biden vun illegalen Ausland-Geschäfter vu sengem Fils Hunter Biden profitéiert hätt, sou de McCarthy. Beweiser dofir hunn d’Republikaner bis elo net virgeluecht.

Den Ament gëtt géint den Hunter Biden wéinst méigleche Steier-Delikter an Zesummenhang mat Geschäfter am Ausland enquêtéiert.

Et ass onwarscheinlech dass et zu enger Impeachment Prozedur géint den Joe Biden kënnt well och de Senat dofir misst stëmmen. Am Senat hunn d’Demokraten eng Majoritéit. Am Representantenhaus sinn d’Republikaner an der Majoritéit.