Radioen

On air

9 bis 1  |  Stevie Wonder - You Haven't Done Nothin'

play_arrow Live
search

/ D'Police warnt virun enger neier Bedruchsmethod

Bank a LuxTrust

D'Police warnt virun enger neier Bedruchsmethod

D‘Police warnt virun enger neier Bedruchsmethod: D‘Leit ginn do vu "Mataarbechter vun enger Bank" oder LuxTrust kontaktéiert a ginn driwwer informéiert, datt si Affer vun enger Cyberattack goufen.

auto_stories

1 min

© picture alliance / dpa | Matthias Balk
(Foto: picture alliance / dpa | Matthias Balk)

D‘Leit ginn dann opgefuerdert, hir Bank a LuxTrust-Donnéeën eraus ze ginn. Duerno ginn héich Zommen ofgebucht.

D‘Police erënnert drun, datt offiziell Verwaltungen ni op déi Manéier un een eruntrieden an och ni Bankpasswierder froen. Et soll een sech op kee Fall ënner Drock setze loossen, mee seng Bank am Zweiwelsfall kontaktéieren.