Radioen

On air

Palatino FM  |  Palatino FM

play_arrow Live
search

/ D'Police verstäerkt hir Presenz zu La Courneuve

No Doud vun Jonkem Policeasaz

D'Police verstäerkt hir Presenz zu La Courneuve

Nom Doud vun engem 18-Järege bei engem Policeasaz zu Paräis de leschte Mëttwoch soll d’Policepresenz am Paräisser Viruert La Courneuve elo verstäerkt ginn.

auto_stories

1 min

Zu Aubervilliers war de leschte Mëttwoch een 18 Joer ale Motocyclist vun engem Policeauto frontal ugestouss an dobäi däitlech blesséiert ginn. Hënt hunn doropshin eng 50 Jonker, déi aus dem selwechte Véierel kommenewéi dee jonke Motocyclist, de Policebüro zu La Courneuve mat Knupperten, Molotowcocktailen a Steng attackéiert.

Och Poubellë goufen a Brand gestach an zwee Poliziste goufe liicht blesséiert. Néng Persoune sinn der Police no festgeholl ginn. Zanter de Moie wieren iwwer 100 zousätzlech Beamten zu La Courneuve am Asaz fir weider Ausschreidungen ze verhënneren, esou ee Spriecher vun der Police.