Vu Police-Säit wier den Ament net geplangt, dee Camp ze raumen, heescht et an der schrëftlecher Äntwert. Zanter zwou Woche schlofe jonk Asyldemandeuren ënnert dem Pont Adolphe an der Stad an Zelter, well si den Ament keng Plaz an den Accueil-Strukture kréien.
Zanter dem 23. Oktober kréien Erwuesse männlech Asyl-Demandeuren, déi schonn an engem aneren EU-Land registréiert sinn an eleng op Lëtzebuerg kommen, nämlech net méi automatesch eng Plaz an enger Struktur, ma kommen op eng Waardelëscht.