Radioen

On air

Notturno  |  James Holden & The Spirit Animals - Pass Through The Fire

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ D'Plurimedia Etüd gëtt iwwerschafft

Medien zu Lëtzebuerg

D'Plurimedia Etüd gëtt iwwerschafft

D‘Plurimedia Etüd, déi d‘Audienz vun de Medie moosst, gëtt no 18 Joer global iwwerschafft. Dat schreift ILRES op hirem Internetsite.

auto_stories

1 min

Den Ament géif un enger neier Methodologie geschafft ginn, déi dem Informatiounsbedarf soll gerecht ginn an och an de kommende Jore ka bäigehale ginn.

Zanter dem Ufank 2005 wieren eng ganz Partie Ännerungen néideg gewiescht fir den neie Medie gerecht ze ginn. Mat der aktueller Methodologie wier eng zouverlässeg Mesure vun der Audience net méi méiglech.

Dëst Joer wäerte keng Resultater publizéiert ginn esou nach d‘Entreprise, déi d‘Sondage mécht.