Radioen

On air

Moiesstudio  |  Miss Mona

play_arrow Live
search

/ D'Piratepatei gëtt sech nei Statutten an eng nei Coordinatioun

Um Kongress

D'Piratepatei gëtt sech nei Statutten an eng nei Coordinatioun

Zu Péiteng war de Samschdeg de National Kongress vun der Piratepartei, 32 Parteimemberen hunn drun Deel geholl, Haaptuleies um Kongress war eng Ännerung vun de Statutten an de Vott iwwert eng nei Parteileedung.

auto_stories

2 min

Piratepatei | © Carole Schimmer
Foto: Carole Schimmer

De Landeskongress vun de Piraten ass extrem disziplinéiert ofgelaf, trotz den Turbulenzen an där d’Partei elo nach stécht, wéinst der sougenannter Malt-Affär, iwwert déi op Uerder vum Europäesche Parquet enquêtéiert gëtt. Iwwert déi goung de Samschdeg awer guer net rieds. Et gesäit een awer, datt d’Piratepartei duerch déi Statuttenännerung d’Vertrauen nees wollt stäerken. Déi ass och mat grousser Majoritéit ugeholl ginn, vun 30 Memberen déi um Vott Deel geholl hunn, waren der 28 derfir, 1 dogéint, an et gouf eng Enthalung.

7 nei Posten an der Parteileedung

Mat den neie Statutte gëtt d’Participatioun vun der Parteibasis gestäerkt, do ass et de Wonsch datt d’Partei nees aus den Turbulenze vun de leschte Méint erauskënnt. Et si jo eng ganz Rei un Mandatairen ënnert anerem den Deputéierte Ben Polidori aus der Partei ausgetrueden a bei d’LSAP oder bei déi Gréng eriwwergewiesselt. Déi ware virdrun all an der Parteileeedung. Mat der Statuttenännerung déi awer scho laang decidéiert gi war, ginn et elo 7 nei Posten an der Parteileedung fir Memberen ouni Mandat. 7 Kandidaturen - dorënner keng Fra - goufen agereecht, an déi goufen de Samschdeg Moien och all ugeholl. Et sinn dëst de Steve Fuchs, de Joël Krack de Claude Legrand de Camille Liesch de Gilles Mertz, de Raymond Remakelan de Kilian Saffran.

Trio iwwerhëllt d‘Coordinatioun

Bis elo war den Deputéierte Marc Goergen Coordinator, duerch d’Statuttenännerung gëtt et elo een Trio un der Sprëtzt vun der Partei. De Ben Lomel, de Claude Legrand an de Starsky Flor sinn elo Co-Coordinatoren.

D’Trésorerie assuréieren de Raymons Remakel an d’Paula Couto.

Um Kongress gouf et keng intern Ausernanersetzung an och keng politesch Messagen iwwert d’Regierungsaarbecht, e puer Stëmmen hunn awer de Parteiwiessel vu verschidde Mandatairë kritiséiert an als Opportunismus bezeechent.