Radioen

On air

9 bis 1  |  Noriichten

play_arrow Live
search

/ D‘Pirate soen "Nee" zum obligatoresche Militärdéngscht

Amplaz de Beruff vum Zaldot opwäerten

D‘Pirate soen "Nee" zum obligatoresche Militärdéngscht

Fir d‘Pirate wier et eng Iwwerraschung, datt den Arméichef ufanks der Woch op RTL d‘Theema Militärdéngscht erëm an d‘Spill bruecht hätt. De Steve Thull wier nach virun e puer Joer selwer ganz skeptesch vis-à-vis vun engem obligatoresche Militärdéngscht gewiescht, sou d'Piraten.

auto_stories

1 min

© Serge Kesseler
(Foto: Serge Kesseler)

Fir d’Piraten ass et net ubruecht, esou eng Diskussioun ze lancéieren. Et léich un der Regierung, Léisungen ze fannen, wéi een de Rekrutement bei der Arméi verbessere kéint. De Beruff vum Zaldot misst opgewäert ginn, awer net iwwert de Wee vun engem Zwang. Zu Lëtzebuerg ass den obligatoresche Militärdéngscht zanter 1967 afgeschaaft.