search

/ D'Nues leeft an d'Ae bäissen? D'Pollesaison huet schonn ugefaangen

Gesondheet

|
headphones

2 min

D'Nues leeft an d'Ae bäissen? D'Pollesaison huet schonn ugefaangen

Wann Dir an der Lescht vill dobaussen ënnerwee waart a vläicht eng Pollenallergie hutt, kéint Dir schonn déi éischt Symptomer gehat hunn. Wat vill Leit net wëssen, ass datt d'Pollesaison schonn amgaangen ass.

headphones

2 min

Pollenallergie | © ShutterDivision
Pollenallergie (Foto: ShutterDivision)

An de leschte Woche si schonn héich Konzentratioune vu verschiddene Bampollen, wéi Nëssert oder Alenter gemooss ginn. Fir Allergiker:innen kann de Site pollen.lu nëtzlech si grad wéi d‘App mam selwechten Numm. Déi gi vum Gesondheetsministère an Zesummenaarbecht mam CHL bedriwwen.

D’Dokter Laurence Wurth vun der Direktioun vun der Santé erkläert, datt mam Klimawandel d‘Pollesaison ëmmer méi fréi ugeet. Am Januar kommen da schonn déi éischt Pollen.

"An de Patient oder d'Persounen dobausse kënnen eeben domadder suivéieren, wéini vläicht déi Pollen, wou si allergesch sinn, ufänken an deemno wéi ass et nëtzlech d'Medikamenter relativ séier ze huelen."

Wichtegst Informatiounen op ee Bléck

Och fir Leit, déi keng Allergie diagnostizéiert hunn, kéint dat och nëtzlech sinn. Wa si Symptomer hu wéi Néitschen oder datt Aen oder Nues kribbelen, kënne si an der Pollen-App kucken, wéi eng Pollen den Ament ënnerwee sinn.

Op der Homepage vum Site pollen.lu kritt een direkt an enger Iwwersiicht déi wichtegst Informatiounen. Et gesäit een also op den éischte Bléck, wéi eng Konzentratioun vu Pollen an der Loft ass, wéi eng Pollenzorten ënnerwee sinn a wéi vill ënnerwee sinn.

Alenter hat dës Woch säi Peak

Déi Donnéeë ginn och all dräi Stonnen aktualiséiert, wéi d‘Laurence Wurth erkläert.

"Wat um Site eeben och interessant ass, ass datt ee gesäit, wéi d'Pollen och deen Dag virdru waren oder déi Woch virdrun. Dat gesäit een op der App eeben net."

Esou kann een do zum Beispill gesinn, datt d’Konzentratioun vun Alenter-Pollen, déi virun enger Woch nach bei null louch, elo Méindeg e Peak vun iwwer 3.000 Partikele pro Meterkibb erreecht huet, zënterhier awer nees liicht zeréckgaangen ass.