Radioen

On air

9 bis 1  |  Aldous Harding - Tick Tock

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ D'Lëtzebuerger fëmmen nees méi an drénke vill Alkohol

OECD Gesondheets-Rapport

D'Lëtzebuerger fëmmen nees méi an drénke vill Alkohol

Zu Lëtzebuerg gouf et d’lescht Joer Ronn fënnef Prozent manner Doudesfäll am Verglach mat der Period virun der Pandemie vun 2015 bis 2019. Dat geet aus dem neie Gesondheets-Rapport vun der OECD ervir. Lëtzebuerg stéing domat am Kontrast zu deene meeschten OECD-Länner, an deenen eng Hausse un Doudesfäll verzeechent ginn ass. 

auto_stories

3 min

headphones

2 min

© Unsplash /  Kelsey Chance play_arrow
(Foto: Unsplash / Kelsey Chance)

D’Organisatioun fir wirtschaftlech Entwécklung analyséiert an hirem Rapport Donnéeën iwwer d‘Gesondheet an de Gesondheetssystem aus den 38 OECD-Memberlänner. 

2021 louch d’Liewenserwaardung am Grand-Duché bei 82,7 Joer. Wéi d’OECD an hirem Rapport schreift, gehéiert Lëtzebuerg domat, nieft Island an Dänemark, zu de wéinege Länner an deenen d‘Liewenserwaardung wärend der Pandemie net erofgaangen ass.

Och wat d‘Iwwergewiicht ugeet positionéiert d’Lëtzebuerger Populatioun sech relativ gutt am Rapport a läit ënnert der Moyenne vun den OECD-Memberlänner.

Eng schlecht Notte beim Tubak- an Alkoholkonsum

Net esou gutt schneit de Lëtzebuerger allerdéngs beim Tubak- an Alkoholkonsum of. Esou ass d’Zuel u Fëmmerten 2021 liicht eropgaangen am Verglach mat der Period virun der Pandemie.

A bal all fënneften Erwuessenen huet uginn, op d'mannst ee Mol de Mount iwwerméisseg vill Alkohol ze drénken. Lëtzebuerg deelt sech domat eng drëtt Plaz mat Groussbritannien, a gëtt just vun Dänemark a Rumänien iwwertraff.

© OECD
(Foto: OECD)

De Lëtzebuerger ësst wéineg Geméis

Am Verglach mat aneren OECD-Länner ësst de Lëtzebuerger och wéineg Geméis. D’Moyenne vun de Leit iwwer 15 Joer déi all Dag Geméis iesse läit am Rapport bei 57 Prozent. A Korea an Neiséiland sinn et esouguer iwwer 90 Prozent. Zu Lëtzebuerg läit deen Taux ënner 40 Prozent.

Eng bonne note kritt Lëtzebuerg wat den Zougang zu der Gesondheetsversuergung ugeet. D’Zefriddenheet vun der Lëtzebuerger Populatioun läit hei bei 86 Prozent, direkt hannert der Schwäiz an der Belsch.

Lauschterenplay_arrow