Radioen

On air

Spektrum  |  The Drin - Elude The Torch

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D’Landtagswalen a Bayern: u sech eng langweileg Affär

Auslandschronik

D’Landtagswalen a Bayern: u sech eng langweileg Affär

Déi aktuell Regierung ëm de Ministerpresident Markus Söder wëllt weidermaachen, an an de Sondagë gesäit et fir CSU a Freie Wähler esou aus, wéi wann dat ouni Problem méiglech wier. Ass iwwer d’Bayern-Wal domat alles gesot?

auto_stories

3 min

headphones

4 min

play_arrow
De Markus Söder ass Ministerpresident aus Bayern. (Foto: picture alliance / Panama Pictures | Dwi Anoraganingrum)

Wann eng Partei an de Sondagen 20 Prozentpunkten Avance op d’Konkurrenz huet, dann ass de Walausgang meeschtens relativ kloer. Mee 20 Prozentpunkte Virsprong, a Bayern gehéiert dat fir d’Chreschtsozialiste vun der CSU zum gudden Toun. D’Partei vum Ministerpresident Markus Söder läit a verschiddenen Ëmfroen dem Ament bei 36 Prozent. Datt dat fir d’CSU dat schlechtste Walresultat zënter 1950 wier, ass egal.

Egal och, well sech a Saachen zukünfteg Regierung a Bayern net vill Froe stellen. CSU a Freie Wähler, déi mam Spëtzepersonal Söder an Hubert Aiwanger zanter fënnef Joer regéieren, wëlle weidermaachen. Dat hu béid Parteie scho laang virum Ufank vum Walkampf annoncéiert an domat vill Loft aus der Course erausgeholl.

Ganz aner Theeme wéi viru fënnef Joer

Viru fënnef Joer war dat guer net esou kloer. Deemools huet de Markus Söder, dee just e puer Méint den Horst Seehofer als Ministerpresident ofgeléist hat, nach mat de Gréngen als Koalitiounspartner kokettéiert. Et war d’Ufankszäit vu Fridays for Future, déi bayresch Gréng hate Fabelwäerter an de Sondagen an op eemol huet de Markus Söder sech dobäi fotograféiere gelooss, wéi e Beem a Beiestäck an de Aarm geholl huet. 

De Walkampf dëst Joer war vu ganz aneren Themen dominéiert. Besonnesch bei der CSU war d’Strategie: mat Kritik un der Ampel-Regierung zu Berlin d’Konkurrente vun SPD, FDP a Grénge schwächen. Stéchwierder: Heizungsgesetz a Cannabis-Legaliséierung. A gläichzäiteg huet d’CSU probéiert, mat populisteschen Theesen zur Migratiounspolitik Stemme bei der AfD ofzegruewen.

Aiwanger-Affär

Déi gréisste Gefor koum du justement aus dem eegene Lager, vum Koalitiounspartner. Am August huet d’Süddeutsche Zeitung beriicht, datt de Freie Wähler-Chef a Vize-Ministerpresident Hubert Aiwanger a senger Schoulzäit en antisemittescht Fluchblat soll geschriwwen hunn. D’Aiwanger-Affär hat d’Potenzial, d'Walen op d’Kopp ze stellen. Hätt de Markus Söder sech dofir decidéiert, dem Aiwanger seng oniwwerzeegend Excusen an der Saach net duerchgoen ze loossen, hätt de Koalitiounspartner säi wichtegste Mann verluer. 

Mee all dat ass net geschitt. De Markus Söder huet, obwuel ëmmer méi Geschichten aus der rietser Vergaangenheet vum Hubert Aiwanger un d’Luucht koumen, u sengem Vize festgehalen.  Besonnesch d’Freie Wähler hu vun der Affär profitéiert. Och, well sämtlech politesch Inhalter am Walkampf keng Roll méi gespillt hunn.

Richtungsweisende Walausgang

E Sonndeg dierft et a Bayern en Dräikampf ëm déi zweet Platz hannert der CSU ginn. B90/Die Grünen, Freie Wähler an déi rietsnational AfD leien tête-à-tête bei 14 bis 16 Prozentpunkten an de Sondagen. 

Och wann den Ausgang vun der Wal eenegermoosse kloer ass, kéint et awer richtungsweisend ginn. Sollte Freie Wähler an AfD déi Gréng klappen, da wieren direkt zwou vun de stäerksten dräi Parteien a Bayern där mat op mannst nationalisteschen Tendenzen.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Politik a Gesellschaft
Europa
Meenung