Radioen

On air

Spektrum  |  Zach Bryan - Sandpaper Feat. Bruce Springsteen

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Kamala Harris kritiséiert Israel, séchert awer och weider US-Ënnerstëtzung zou

Noen Osten

D'Kamala Harris kritiséiert Israel, séchert awer och weider US-Ënnerstëtzung zou

Déi demokratesch Presidentschaftskandidatin Kamala Harris hat kloer Wierder bei hirem Treffe mam Benjamin Netanyahu zu Washington. Si kéint d‘Leide vun der palästinensescher Zivilpopulatioun net ignoréieren, an de Krich an der Gazasträif misst séier ophalen, esou d'Kamala Harris. Si huet awer och verséchert, datt Israel op weider Ënnerstëtzung vun den USA kéint zielen.

auto_stories

1 min

Kamala Harris | © picture alliance / Consolidated News Photos | Kenny Holston - Pool via CNP
Foto: picture alliance / Consolidated News Photos | Kenny Holston - Pool via CNP

De President, Joe Biden, deen och mam Netanyahu geschwat huet, sot, den Accord fir eng Wafferou misst esou séier wéi méiglech finaliséiert ginn. 

De Benjamin Netanjahu soll haut de republikanesche Presidentschaftskandidat Donald Trump a senger Villa a Florida begéinen.

D'Kamala Harris huet sech bereet erkläert fir un enger Televisiounsdebatt mam Donald Trump deelzehuelen. Si wier prett, huet si op X geschriwwen. Dem Trump seng Walkampfekipp huet geäntwert, den Donald Trump géif eréischt un esou enger Debatt deelhuelen, wann d'Kamala Harris offiziell als Presidentschaftskandidatin vun den Demokraten designéiert ass.