Radioen

On air

Am Buedmantel  |  The Beatles - Glass Onion

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Joe Biden: Wollt mat mengem Réckzuch d'Partei an d'Natioun vereenen

Ried un d'Natioun

Joe Biden: Wollt mat mengem Réckzuch d'Partei an d'Natioun vereenen

Den amerikanesche President Joe Biden huet sech no sengem Réckzuch aus der Presidentschaftscourse un d'amerikanesch Natioun adresséiert. Firwat hien decidéiert huet, net méi fir en zweet Amt als President ze kandidéieren, huet den Joe Biden awer net genee erkläert.

auto_stories

1 min

Joe Biden | © picture alliance / Consolidated News Photos | Evan Vucci - Pool via CNP
Foto: picture alliance / Consolidated News Photos | Evan Vucci - Pool via CNP

Hie sot, et wier an de leschte Woche kloer ginn, datt hie seng Partei misst vereenen an d'Fakel un eng nei Generatioun iwwerginn.

Den 81-Joer alen Joe Biden hat d'leschte Sonndeg annoncéiert, datt hie sech aus dem Walkampf zeréckzitt an am Plaz d'Vizepresidentin Kamala Harris als Kandidatin proposéiert.

Déi offiziell Nominatioun vun der Kamala Harris als Presidentschaftskandidatin wéilten d'Demokraten elo no vir verréckelen, mellen amerikanesch Medien. De virtuelle Vott soll deemno schonn haut aacht Deeg ufänken, also nach virum demokratesche Parteikongress Mëtt August.