Radioen

On air

9 bis 1  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Donald Trump sëtzt Steierhannerzéier an ultrarietsen Hardliner op weider wichteg Posten

USA

Donald Trump sëtzt Steierhannerzéier an ultrarietsen Hardliner op weider wichteg Posten

Den Donald Trump wëll de Chef vum Geheimdéngscht Christopher Wray erausgeheien. A Plaz soll de Kash Patell kommen. Dat huet de gewielte President bei Truth Social geschriwwen.

auto_stories

1 min

Kapitol Washington | © PartTime Portraits / Unsplash
Foto: PartTime Portraits / Unsplash

Den Trump hat de Wray wuel 2017 selwer en place gesat. Duerno huet den Trump hien ëmmer erëm kritiséiert.

Den Kash Patell muss awer nach den Accord vum Senat kréien. Hie gëllt als ultrarietsen Hardliner, deen an der läscht Beamten a Journaliste gedreet hat.

Den Charles Kushner gëtt iwwerdeems neien amerikaneschen Ambassadeur a Frankräich. Dat huet den Donald Trump gëschter um Samschdeg annoncéiert. Den Charles Kushner ass Geschäftsmann am Domaine vun den Immobilien, an dobäi de Papp vum Jared Kushner, dee mam Donald Trump senger eelster Duechter Ivanka bestuet ass.

Den neien Ambassadeur souz ee Joer am Prisong wéinst Steierhannerzéiung, gouf awer vum Donald Trump virum Enn vu sengem leschte Presidentemandat begnodegt.