Radioen

On air

Simon Says  |  Flavonoids - Escape Feat. Righteous, Krs One & Dj Mercilless

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Weider wichteg US-Demokraten ënnerstëtzen d'Kamala Harris elo

US-Walen

Weider wichteg US-Demokraten ënnerstëtzen d'Kamala Harris elo

Déi amerikanesch Vize-Presidentin Kamala Harris krut weider Ënnerstëtzung bei den Demokrate fir bei de Presidentewalen am November géint den Donald Trump unzetrieden. Och d'Fraktiounscheffe vun den Demokraten am Senat an am Representantenhaus, den Chuck Schumer an den Hakeem Jeffries, hu sech hanner d‘Kamala Harris gestallt.

auto_stories

1 min

Foto: picture alliance / Consolidated News Photos | Yuri Gripas - Pool via CNP

Scho gëschter hat d'Kamala Harris sech d'Ënnerstëtzung vu genuch demokrateschen Delegéierte geséchert fir um Parteikongress am August offiziell als demokratesch Kandidatin fir d'Presidentschaftswalen nominéiert ze ginn.

An engem neie Sondage vu Reuters an Ipsos huet si, mat 44 Prozent Zoustëmmung, den Ament zwee Punkte Virsprong op den Donald Trump.

Bei hirem éischte Walkampf-Optrëtt am strategesch wichtege Staat Wisconsin huet déi fréier Procureure Kamala Harris d'Verurteelung vum Donald Trump benotzt fir ze soen, dës Presidentewale wieren e Choix tëschent engem Kriminellen an enger fréierer Procureure.

Ekipp vum Trump reecht Plainte an

Den Donald Trump wéilt iwwerdeems verhënneren, datt d‘Kamala Harris op verschidde Walkampfspenden zeréckgräife kann. Dat mellen CNN an d‘New York Times. Wéi et heescht, hätt dem Trump seng Ekipp eng Plainte beider Autoritéit fir d‘Walkampffinanzéierung deposéiert. Dat mam Argument, datt d‘Kamala Harris géint Gesetzer verstéisst, well si Sue wéilt benotzen, déi net si, mee de President Joe Biden gesammelt hat, wéi hien nach Presidentschaftskandidat war.