Radioen

On air

Simon Says  |  Jimmy Ross - First True Love Affair (Larry Levan Remix)

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Entrevue mat den EU-Ausseministeren: D'Julia Nawalnaja op Visitt zu Bréissel

Reunioun zu Bréissel

Entrevue mat den EU-Ausseministeren: D'Julia Nawalnaja op Visitt zu Bréissel

D’EU wëll däitlech maachen, datt si déi russesch Oppositioun ënnerstëtzt, sou den EU-Chefdiplomat Josep Borrell. Den Doud vum Alexei Nawalny géif weisen, datt de Wladimir Putin och am eegene Land fir Leed suergt, seet iwwerdeems de Lëtzebuerger Ausseminister Xavier Bettel zu Bréissel.

auto_stories

2 min

Et dierft een net vergiessen, wie fir den Doud vum Alexei Nawalny responsabel ass. Dat wier keen aneren ewéi de russesche President Wladimir Putin. Dat sot de Moien den EU-Baussebeoptragten Josep Borrell zu  Bréissel, wou haut d’Ausseministeren aus de 27 EU-Länner zesummekommen.

Si hunn ënner anerem eng Entrevue mat der Fra vum Alexei Nawalny, der Julia Nawalnaja déi haut um Méindeg an der belscher Haaptstad op Besuch ass.

Als Hommage un de verstuerwenen russeschen Oppositiounspolitiker sollt d’Europäesch Unioun hire Sanktiouns-Regime, dee bei Mënscherechtsverletzungen applizéiert gëtt, an “Nawalny-Regime” ëmdeefen, sou de Josep Borrell. Hie géing dat haut de Ministere proposéieren.

Xavier Bettel: Och a Russland si Leit Affer vum Putin-Regime

Den Doud vum Alexei Nawalny hätt an Erënnerung geruff, firwat de Regime vum Wladimir Putin a Russland steet, sot iwwerdeems de Lëtzebuerger Ausseminister Xavier Bettel.

"Et huet een de Constat gemaach, datt den Här Putin an der Ukrain ganz vill Leed provozéiert, mee net nëmmen. Och a sengem eegene Land si Leit Victimme vum Regime. Den Här Nawalny huet gekämpft fir ee fräit Russland, een demokratescht Russland, een oppent Russland. Hien huet am Fong säin Engagement mat sengem eegene Liewe mussen, musse bezuelen. Ech weess jo net, wat genau do geschitt ass, mee et steet fest, datt hien net gutt behandelt ginn ass. (...) De Beweis, datt den Här Putin net nëmmen an der Ukrain fir Leed suergt."

Vill méi ewéi der Julia Nawalnaja säi Bäileed auszedrécke kéint een den Ament net maachen, sou nach de Xavier Bettel.

D’Europäesch Unioun misst fuerderen, datt déi russesch Autoritéiten de Läichnam vum Nawalny fräiginn, sou de litaueschen Ausseminister Gabrielis Landsbergis. 

Däitschland fuerdert zesumme mat anere Länner, nom Doud vum Nawalny speziell Sanktioune géint Russland op de Wee ze bréngen. Dat am Kader vum Sanktiounsregime, dee virgesinn ass, wa schwéier Mënscherechtsverletzunge virleien.