Och an der EU gëtt nach net esou séier mat enger wirtschaftlecher Relance gerechent. A senger aktueller Publikatioun zitéiert de Statec d’EU-Kommissioun déi sech am éischte Semester vun dësem Joer nach keen neie Schwong an der Eurozon erwaart.
Haaptrisikofacteuren déi den Opschwong kéinten ausbremse si momentan en Enn vum Energiepräisdeckel an déi geopolitesch Spannungen.
Zu Lëtzebuerg ass d’Stëmmung bei den Entreprisen zanter dem Fréijoer 2022 um Wee no ënnen. An der Industrie ass zanter Uganks des Joers op d'mannst eng Stabiliséierung ze notéieren.
Am Bausecteur war een zanter dem Hierscht méi optimistesch, et gesäit een awer elo am Februar eng Rechute. Wat Kreditter fir Logement ugeet, sou geet déi Zuel weider erof, an dat zanter sechs Trimesteren.
Op der anerer Säit geet awer d’Zuel vun de Prêten am leschten Trimester 2023 ëm 25 Prozent an d’Luucht. Positiv Perspektive ginn et och, wat d’Zënsentwécklung ugeet. De Banken no géifen dann och nees méi séier Prête fir Wunnengen accordéiert ginn.
Wat d’Entwécklung vun den Energiepräisser ugeet sou ass et virun allem bei de Gaspräisser eng Baisse, déi ass haaptsächlech op méi en niddrege Verbrauch an der EU zeréck ze féieren. Beim Stroum gouf et dergéint Haussen. Wat drop hiweist dat d’Stroumproduktioun sech ëmmer méi vum Gas lass koppelt.