Radioen

On air

9 bis 1  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Komplizéiert Verhandlungen op der UNO-Biodiversitéitskonferenz

Ëmwelt

Komplizéiert Verhandlungen op der UNO-Biodiversitéitskonferenz

Bis den 1. November dauert déi 16. COP iwwer den Erhalt vun der Aartevilfalt zu Cali a Kolumbien. Zu Cali a Kolumbien ass am Moment déi 16 grouss Biodiversitéitskonferenz vun der UNO amgaang. Iwwert de Verloscht vun der Aartevilfalt gëtt zwar definitiv manner geschwat wéi iwwert de Klimawandel, dat heescht awer net, datt de Problem manner grouss ass.

auto_stories

2 min

Op der leschter Konferenz zu deem Theema virun zwee Joer zu Montreal waren 23 grouss Ziler definéiert ginn. Zu Cali geet et elo drëm, dofir ze suergen, datt d'Länner hir Engagementer och ëmsetzen.

Lëtzebuerg ass eent vu bis elo just 15 Länner, déi eng national Strategie an deem Beräich decidéiert hunn an och a punkto Finanzéierung huet Lëtzebuerg seng Kontributioun schonn iwwerwisen an nach weider Iwwerweisungen an Aussiicht gestallt.

Déi meescht aner Länner sinn awer méi zéi, wann et ëm d'Sue geet. De Claude Origer aus dem Ëmweltministère erwaart dofir dann och komplizéiert Verhandlungen op deem Punkt. Gebraucht géife 700 Milliarden Euro pro Joer. 500 Milliarden dovu sollen iwwer d’Ofschafung vu klimaschiedleche Subventiounen op Pestiziden an op fossillen Energie kommen. Weider zweehonnert Milliarde sollen aus ëffentlecher a privater Hand kommen.

Dofir wier e Fong geschafe ginn, dee mat zwanzeg Milliarden Euro d’Joer soll gespeist ginn. Am Moment wieren awer just 280 Milliounen Euro an deem Fong dran. Dat kritiséieren d’Entwécklungslänner, seet de Claude Origer.

Déi soe mir sinn och bereet eis Biodiversitéit schützen, mee mir brauchen dofir eng adäquat finanziell Ënnerstëtzung an Hëllef.”

Weider Informatioune gëtt de Claude Origer an eisem Moiesstudio

Lauschterenplay_arrow