Schonn am Dezember hat d‘Europäesch Unioun Kommandanten vun der Hamas op hir Terrorlëscht gesat. An der Gazasträif hunn d‘Gesondheetsautoritéiten, déi vun der Hamas kontrolléiert ginn, iwwerdeems en neie Bilan publizéiert: 24.285 Mënsche wiere bis elo ëm d‘Liewe komm.
arrow_back_ios
search
search
/ D‘EU setzt de politesche Leader vun der Terrororganisatioun Hamas op hir Sanktiounslëscht
International
D‘EU setzt de politesche Leader vun der Terrororganisatioun Hamas op hir Sanktiounslëscht
Domat ginn d‘Suen an aner Verméigenswäerter vum 61 Joer alen Jahia Sinwar an den EU-Memberstaaten agefruer. Finanziell Mëttelen a wirtschaftlesch Ressourcen dierfen him aus der EU net méi zur Verfügung gestallt ginn. Dat huet d‘Vertriedung vun de 27 Memberstaaten haut zu Bréissel matgedeelt. Den israeleschen Ausseminister begréisst dës Entscheedung vun der EU.
auto_stories
1 min