Grouss Deeler vum Land gi mat Waasser vum SEBES versuergt. Um Kierchbierg beispillsweis kënnt zu 100 Prozent SEBES-Waasser aus dem Krunn. De President vum SEBES, den André Weidenhaupt, erkläert am 100,7-Interview, datt d’Organisatioun all Dag ronn 55.000 Kubikmeter Waasser opbereet. An hirer neier Anlag, déi elo zënter 2 Joer a Betrib ass, kéint ee mëttlerweil dat Duebelt liwweren. Am Summer, wann et eng Kéier ganz dréche sollt ginn, hätt een nach zousätzlech 4 Plazen, wou een ongeféier 48.000 Kubikmeter Drénkwaasser sammele kéint.
D’Regierung muss den Accord ginn
An trotzdeem wier et wichteg, sech Gedanken iwwer déi zukünfteg Waasserversuergung am Land ze maachen, seet den André Weidenhaupt. De Plang wier et, d’Waasser aus der Musel ze benotzen. Dat géing Lëtzebuerg laangfristeg ofsécheren. D’Waasser aus der Musel wier esou, wéi et am Floss fléisst, net ze drénken, kann awer duerch d’Opbereedungstechniken an der SEBES-Anlag propper an drénkbar gemaach ginn. Et misst een elo nach waarden, bis d’Regierung d’SEBES-Gesetz upasst, fir datt d’Organisatioun och Zougrëff op d’Muselwaasser kritt, esou den André Weidenhaupt.
An Holland drénkt ee scho Flosswaasser, dat opbereet ass
Déi Opbereedungprozesser vum SEBES géifen d’Waasser aus der Musel esou propper maachen, wéi d’Waasser aus de Quellen, erkläert de SEBES-President. Bei deene Prozesser ginn d’Partikelen an och all organesch Substanzen erausgeholl. An Holland géife scho grouss Deeler vum Land mat Drénkwaasser aus Flëss versuergt ginn. Dat fäerdegt Muselwaasser géif och net grouss aneschters schmaachen, mengt de President vum SEBES.
"Déi mineralesch Zesummesetzung mierkt Dir virun allem, wa vill Sulfat dran ass. A verschidde Mineralwaasser hu méi Sulfat dran. Dat schmaacht dann esou e bësse gipseg, wéi mir dat soen. Mee ech géif soen, et géif änlech schmaachen, well et änlech opbereet wäert ginn, wéi d’SEBES."
D’SEBES distribuéiert säi Waasser iwwer de Reservoir vun Eschduerf un all seng Syndikatsmemberen am Land.
Text: Kim Winkel