Deen neie President vum CAL Pierre Reuter ass schonn zënter 2021 Member vum Verwaltungsrot. Bis elo war hien Tresorier vum CAL.
De Pierre Reuter gëtt Nofollger vum Marc Hostert, deen zënter 2016 President vun der ASBL Cercle Artistique de Luxembourg war.
Den neie CAL-President Pierre Reuter ass Affekot an hien ass Member vum Verwaltungsrot vum Média de Service public 100,7.
Grënnung vum CAL 1893
Nei Membere vum CAL-Verwaltungsrot sinn de Xavier Karger an de Claude Kremer, gouf och an der Sitzung vum 25. Abrëll 2025 decidéiert.
De Conseil huet 15 Memberen: aacht vun hinne si Kënschtler a siwe Membere si keng Kënschtler.
De CAL gouf 1893 gegrënnt an huet 136 Memberen.
D'Zil vun der ASBL ass et, d'Konscht zu Lëtzebuerg bekannt ze maachen a virunzedreiwen. Am Prinzip all Joer gëtt eng Ausstellung, de Salon vum CAL, organiséiert. Donieft ginn et Gruppenausstellungen.