search

/ D'Croisièresschëff Hondius ass um Hafe vu Rotterdam ukomm

Hantavirus

|
reading time

1 min

D'Croisièresschëff Hondius ass um Hafe vu Rotterdam ukomm

D‘Croisièresschëff Hondius, op deem den Hantavirus ausgebrach war, ass am Hafe vu Rotterdam an Holland ukomm. Déi 27 Leit vum Personal, déi bis elo nach ëmmer u Bord sinn, sollen elo vu Bord goen an a Quarantän kommen.

reading time

1 min

De Rotterdamer Hafe preparéiert sech op d'Arrivé vun der Hondius | © EPA/ROBIN UTRECHT
De Rotterdamer Hafe preparéiert sech op d'Arrivé vun der Hondius (Foto: EPA/ROBIN UTRECHT)

D'Schëff soll elo komplett gebotzt an desinfizéiert ginn.

Beim Ausbroch vum Hantavirus waren dräi Persounen ëm d‘Liewe komm, offiziell goufe siwe Leit infizéiert. 

Dobäi kënnt en neie Fall, deen hënt a Kanada gemellt gouf. D‘Weltgesondheetsorganisatioun WHO bleift dobäi, datt de Risiko fir d‘Populatioun extreem kleng ass, well de Virus nëmme seelen iwwerdroe gëtt.