Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Foster The People - See You In The Afterlife

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ D'Chamber stëmmt net fir d'Unerkenne vun engem palästinensesche Staat

Noen Osten

D'Chamber stëmmt net fir d'Unerkenne vun engem palästinensesche Staat

D’Lag hätt sech an der Lescht weider verschlechtert, mee et misst eng Léisung fonnt ginn. Dat war den Tenor den Dënschdeg Nomëtteg an der Chamber, wéi eng Aktualitéitsstonn zur Situatioun am Noen Osten um Ordre du jour stoung. All d’Riedner hunn d’Gewalt vu béide Säite condamnéiert. Eng Motioun vun der LSAP, déi d’Unerkenne vun engem palästinensesche Staat verlaangt huet, krut keng Majoritéit.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Foto: Flickr Chamber

40 Nee-, 17 Jo-Stëmmen an 3 Enthalungen, dat war d’Resultat vum Vott vun där Motioun. De Xavier Bettel hat a senger Ried proposéiert net doriwwer ofzestëmmen, fir eventuell méi eng breet europäesch Ënnerstëtzung fir sou eng Unerkennung ze kréien.

“Ech verstinn den Här Cruchten, ech verstinn den Här Bausch an ech verstinn och den Här Wagner, déi elo soen, hei, et wär gutt, wann een elo symbolesch haut géif decidéieren, mir géifen do bei där Initiativ matmaachen. Ech géif Iech perséinlech recommandéieren, dës Motioun haut zréckzezéien.“

Den Ausseminister huet nach ugekënnegt, an zwou Wochen nees an den Noen Osten ze reesen.

Fir de François Bausch spillt d’israelesch Militäräntwert op d’Hamas-Attack vum Oktober just der Hamas an d’Hänn. Dat wiere keng gutt Viraussetzunge fir eng friddlech Léisung. An den Ae vum gréngen Deputéierte gëtt et dann och kee Fridden, soulaang et kee palästinensesche Staat gëtt.

Déi Lénk plädéiere fir Een- oder Zweestaateléisung

An déi selwecht Richtung goungen d’Iwwerleeunge vum David Wagner, deen nieft der Zweestaateléisung och eng ee Staatléisung an d’Diskussioun bruecht huet, spréch e friddlecht Zesummeliewen tëscht Israeelien a Palästinenser. “Dat géif dann och sou Massakere wéi de 7. Oktober verhënneren, oder de Massaker, deen elo amgaangen ass ze geschéien an der Gazasträif,“, sou den Deputéierte vun déi Lénk.

Dem David Wagner no misst och vu Krichsverbriechen op béide Säite geschwat ginn.

Gusty Gras: Israel riskéiert sech ze isoléieren

Genee wéi aner Riedner ass och de Gusty Graas op d’israelesch Riposte op d’Hamas-Attack am Oktober agaangen.

D’Attack op d‘Stad Rafah an och déi geplangte Buedemoffensiv hätt fir ganz grouss international Kritik gesuergt, souguer vum Israel-Alliéierten USA.

Israel géif riskéieren, sech z’isoléieren, huet den DP-Deputéierten nach gemengt.

Virum Ufank vun der Chambersëtzung hat eng Dose Leit virum Parlament manifestéiert. Ënner anerem mat palästinensesche Fändelen hu si e fräit Palästina gefuerdert.

Lauschterenplay_arrow