Radioen

On air

9 bis 1  |  Triana Y Luca - Raíz

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Een Deel vum Caritas-Personal protestéiert de Freideg virun der Cartias am Garer Quartier

Bedruchsaffär

Een Deel vum Caritas-Personal protestéiert de Freideg virun der Cartias am Garer Quartier

De geplangten Transfert vun 350 Mataarbechter bei déi nei Entitéit “Hëllef um Terrain” soll zesumme mat der Gewerkschaft an den Delegatioune verhandelt ginn. Dat ass eng Fuerderung déi den OGBL am Numm vun engem Deel vum Personal stellt.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

D'Caritas-Personal op enger Informatiounsreunioun vum OGBL | © Florian Ney play_arrow
Caritas-Personal de Mëttwoch op enger Informatiounsversammlung zu Bouneweg. (Foto: Florian Ney)

Wéinst dem Finanzskandal bei der Caritas sollen déi national Aktivitéiten d’nächst Woch vun der neier asbl “Hëllef um Terrain” iwwerholl ginn. Well d’Mataarbechter doduerch eng Verschlechterung vun hire Rechter an Aarbechtsconditioune riskéieren, solle si fir de Moment keng nei Aarbechtsverträg ënnerschreiwen, mee si solle solidaresch sinn, esou eng weider Fuerderung haut vum OGBL-Vertrieder Smail Suljic.

"Si 200 personnes ne signent pas le contrat, le Luxembourg a un problème. Ils vont pas risquer ça. Si 200 personnes n’ont pas de contrat de travail pour exécuter les nouvelles conventions (...), le Luxembourg a un problème. Vous avez le Luxembourg dans la main."

D'Personal schéngt gespléckt

Den OGBL huet déi Beschäftegt vun der Caritas haut Mëttwoch fir eng urgent Reunioun am Casino Syndical zu Bouneweg zesumme geruff. Do sinn d’Emotiounen zum Deel héich gekacht, well et ënnerschiddlech Meenungen iwwert d’Virgoe gouf.

Je veux qu’on se batte pour nos jobs et pas pour l’OGBL. (...) On ne peut pas sauver tout le monde. (...) Et on veut en fait juste avoir un boulot et continuer les activités“, sot zum Beispill eng Mataarbechterin.

Carole Reckinger: D'Personal profitéiert vu gewerkschaftlecher Ënnerstëtzung

D’Carole Reckinger, bis elo politesch Spriecherin vun der Caritas, huet op der Mataarbechterversammlung gewarnt, datt d’Mataarbechter an Zukunft net ouni d’Ënnerstëtzung vun de Gewerkschafte sollten do stoen.

"Moi je n’étais pas membre de l’OGBL avant cette affaire, mais je suis convaincu... si on n’a plus la protection et le soutien de l’OGBL, on a vraiment perdu tout. (...))"

Lauschterenplay_arrow