Den Ënnergank vun der Hëllefsorganisatioun wier awer dee Moment kloer gewiescht, wéi de Premier sot, d’Caritas géif kee Su méi vum Staat kréien. Dat wier Doudesurteel fir d’Affer gewiescht, sou de Marc Baum.
"De Premier, dee sech ëmmer nees gär als CEO gesäit, wär bei deem miserable Management bei all privatem Betrib scho längst entlooss ginn, an dat aus engem ganz einfache Grond: Well e géint den Objet social vun deem Betrib verstouss hätt!"
De Luc Frieden huet dorop geäntwert, datt et extrem blessant wier, wa gesot géif ginn, d’Regierung hätt hei e kaalt Häerz gewisen.
"Well wann et eis egal gewiescht wier, dann hätte mer gesot ‚ha, tant pis, et ass eng Gesellschaft, do si Sue geklaut ginn, eng ONG, déi hate mer zwar gär, mee et ass eis egal. Et war eis net egal, an et ass eis bis haut net egal."
Hien hätt sengerzäit gesot, d’Caritas géif kee Su méi kréien, well net gewosst war, wéi déi 61 Milliounen Euro verschwonne sinn, sot de Premier. Donieft hätten d’Banke geschriwwen, datt Suen déi der Caritas sollen iwwerwise ginn, eigentlech de Banke géife gehéieren.