Radioen

On air

Concert  |  Eng Konfrontatioun tëscht Harf an Orchester

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Froestonn an der Chamber: De Marc Baum mat hefteger Kritik um Luc Frieden

Caritas

Froestonn an der Chamber: De Marc Baum mat hefteger Kritik um Luc Frieden

An enger Aktualitéitsstonn an der Chamber iwwert d’Caritas-Affär gouf et den Donneschdeg Nomëtteg ferm Kritik vum Marc Baum um Luc Frieden. D’Caritas wier hei Affer an net Täter, huet den Deputéierte vun déi Lénk gemengt.

auto_stories

2 min

Marc Baum an der Chamber | © Flickr Chambre des Députés
Foto: Flickr Chambre des Députés

Den Ënnergank vun der Hëllefsorganisatioun wier awer dee Moment kloer gewiescht, wéi de Premier sot, d’Caritas géif kee Su méi vum Staat kréien. Dat wier Doudesurteel fir d’Affer gewiescht, sou de Marc Baum.

De Marc Baumplay_arrow

"De Premier, dee sech ëmmer nees gär als CEO gesäit, wär bei deem miserable Management bei all privatem Betrib scho längst entlooss ginn, an dat aus engem ganz einfache Grond: Well e géint den Objet social vun deem Betrib verstouss hätt!"

De Luc Frieden huet dorop geäntwert, datt et extrem blessant wier, wa gesot géif ginn, d’Regierung hätt hei e kaalt Häerz gewisen.

De Luc Friedenplay_arrow

"Well wann et eis egal gewiescht wier, dann hätte mer gesot ‚ha, tant pis, et ass eng Gesellschaft, do si Sue geklaut ginn, eng ONG, déi hate mer zwar gär, mee et ass eis egal. Et war eis net egal, an et ass eis bis haut net egal."

Hien hätt sengerzäit gesot, d’Caritas géif kee Su méi kréien, well net gewosst war, wéi déi 61 Milliounen Euro verschwonne sinn, sot de Premier. Donieft hätten d’Banke geschriwwen, datt Suen déi der Caritas sollen iwwerwise ginn, eigentlech de Banke géife gehéieren.