Radioen

On air

Concert  |  Däitsch Romantik

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Déi lescht 4 Joer: 25 nei Plaintë wéinst K.O. Drëpsen

Service d’Aide aux Victimes

Déi lescht 4 Joer: 25 nei Plaintë wéinst K.O. Drëpsen

An de leschte Jore goufen et eng Partie Fäll vu presuméierten Asätz vu sougenannte K.O. Drëpsen. Dat geet aus der rezenter Äntwert op eng parlamentaresch Fro ervir. Et geet een awer vun enger héijer Donkelziffer aus.

auto_stories

1 min

headphones

3 min

K.O. Drëpsen | © Adobe Stock / s-motive play_arrow
Foto: Adobe Stock / s-motive

K.O. Drëpsen si gefaart. Hei kréien d’Affer heemlech Substanzen zum Beispill an hiert Gedrénks gemaach. Duerno kënnt et dann eventuell zu Sexualstrofdote. Gäre geet an deem Kontext riets vu “Vergewaltegugsdrogen”.

Een Affer kann Hëllef beim “Service d’Aide aux Victimes” vum Parquet Général kréien. An enger éischter Etapp géife si probéieren, d’Affer psychologesch ze stabiliséieren, seet d’Psychologin a Psychotherapeutin Terry Conter vun deem Service.

Eng héich Donkelziffer

Offiziell Fäll vu K.O Drëpse ginn et der net all ze vill. Et geet een awer vun enger héijer  Donkelziffer aus, seet d’Terry Conter. D’Affer melle sech nämlech net ëmmer. Heiansdo ass keng Erënnerung méi do oder et schummt ee sech, esou datt ee sech net traut, bei d'Police ze goen. Do gëtt et och deelweis Angscht, datt engem net gegleeft gëtt. Oder et war Alkohol am Spill an d'Affer gëtt sech selwer d’Schold, erzielt d’Terry Conter.

Et ass den Appell opzepassen. Kee wier sécher virun esou enger Strofdot. Wann eppes geschitt, sollt een op jiddefall eng Plainte bei der Police maachen, esou der Terry Conter hier Recommandatioun.

Lauschterenplay_arrow