De Gesondheetsministère erkläert de Retard vum zweete fixe PET-Scan duerch "eng technesch Oplag, déi nach ze realiséiere wier."
An de leschte Joren hu sech d'Panne bei deem momentan nach eenzege fixe PET-Scan am Land ëmmer weider geheeft. Am leschte Joer goufen et 18 Pannen, dowéinst hunn 287 Rende-vouse misse verréckelt ginn.
Ursprünglech gouf iwwerluecht, Patientinnen a Patienten an d'Ausland ze iwwerweisen. Trotz engem Accord mat de Spideeler zu Bréissel hätt et awer keng Iwwerweisunge ginn, heescht et vun der Santé. Iwwerdeems hätten Tréier an Nanzeg selwer keng Kapazitéite fir weider Patientinnen a Patienten opzehuelen.
Manner Retard wéinst mobillem Scanner
Zanter Mëtt Oktober gëtt et ee provisoresche mobile PET-Scan, dee beim CHL installéiert gouf. Dat nodeems de Scanner Ufank Oktober bal eng Woch ausser Betrib war. De mobile Scanner ass nach bis Enn Mäerz dëst Joer gelount. De Kontrakt soll awer duerno bis September verlängert ginn. Dat, well an där Zäit deen aktuelle Scanner ersat soll ginn.
Vu September u sollen dann zwee nei Scanneren am Asaz sinn.
Momentan leien d'Waardezäite bei 2,5 Wochen. Dat wéinst dem mobile PET-Scanner. Virdru louch d'Waardezäit bei bis zu véier Wochen. Aktuell gi ronn 40 Ënnersichunge pro Dag gemaach.