Radioen

On air

9 bis 1  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Vum éischte Juli u mussen Dokteren digital mat der CNS kommunizéieren

Gesondheetskeess

Vum éischte Juli u mussen Dokteren digital mat der CNS kommunizéieren

D’CNS hätt mat der AMMD – der Dokteschassociatioun um 1. Januar en Avenant zu hirer Konventioun gemaach, deen Dokteren dozou verflicht Dokumenter déi si bis elo iwwert Pabeier agereecht hunn iwwert den elektronesche Wee bei der CNS anzereechen.

auto_stories

2 min

De President vun der Gesondheetskeess Christian Oberlé ënnersträicht, datt Dokteren net veflicht sinn de PID anzeféieren.

De Christian Oberléplay_arrow

"Et ass eng Obligatioun fir digitalen Austausch zwëscht den Doktere, Patient a CNS. An enger éischter Phas betrëfft dat d'Mémoire d'honorairën. Mee duerno progressiv gëtt déi Obligatioun erweidert op all aner Dokument, déi si mat eis echangéieren."

Oft géife Cabineten de Paiement immédiat direkt net aféieren, well se digital net esou gutt opgestallt wieren, sou de President vun der Gesondheetskeess. Duerch dës digital Obligatioun kéint sech dat änneren an da géif et och kee Grond méi ginn de PID net ze applizéieren, sou nach den Christian Oberlé.

"De logesche Schrëtt"

Progressive géif een déi iwwer 70 Dokumenter wéi d’Ordonnancen oder de Krankeschäin an déi digital Obligatioun mat eran huelen. Doktere mussen dës Dokumenter an Zukunft dann digital un d’CNS an un de Patient weider ginn, sou de Christian Oberlé.

Dës "obligation digitale wier dann och de logesche Schrëtt par rapport zu deem gewiescht, wat een d'lescht Joer schonn zesumme mat der AMMD opgebaut hätt.

"Mir hunn um PID geschafft. D'AMMD huet op hirem DHN-Dispositif geschafft. Deen ass och esou entwéckelt ginn, dass en ergonomesch gutt ass fir d'Dokteren. Mir hunn déi Saachen elo alleguerten zesummegeholl ënner d'Gesondheetskeess an do war et och kloer fir d'AMMD wéi fir eis, datt mir schonn esou vill Zäit an esou vill Moyenen an d'Digitalisatioun investéieren, datt dann eng Obligation digitale soll kommen."

Mam PID bezilt de Patient beim Dokter just nach säin Undeel un der Rechnung. Den Deel vun der CNS kritt den Dokter direkt iwwerwisen. De Patient muss d’ Rechnung no enger Consultatioun deemno net méi bei der CNS aschlécken an net méi op d’Remboursement waarden.